Mir wëllen eis als Club mat dem Alldaagsliewen vun den Ziviliste respektiv den Zaldoten
aus dem 2.Weltkrich historesch ausernaner setzen, a mat deenen hiren Erfahrunge respektiv
Iwwerliwwerungen zu der ëffentlecher geschichtlecher Opklärung bäidroen. Des Aarbecht
ëmfaasst lieweg historesch Duerstellungen, d’Bereetstelle vun Hannergrondinformatiounen
an d’Ausstellung vu gesammeltem Material, dat zou engem bessere Verständnes vun där Zäit
an deenen Ëmstänn bäidroe soll.
Mer fleegen a förderen de weltwäite Kontakt mat glaichartege Gruppen. Mer verstinn den
internationale Gedanken zum Zweck vun der Vëlkerverstännegung, zum kulturellen Austausch
an dem Striewen no Fridden, Fräiheet a Gerechtegkeet als selbstverständlech Zieler vun
eiser Aarbecht.
Well emotional, reliéis a geopolitesch Aspekter mat der historescher Geschicht vun
1939-1945 ontrennbar verbonne si, verlaangt dat Thema besonnesch Sensibilitéit.
Ower di ausseruerdentlech Problematik vun den onmënschlechen ideologesch-politeschen
Zieler vun dem Nationalsozialismus an di doraus folgend Verbriechen hirer militäreschen
a paramilitäreschen Organisatioune si moralesch net vertrietbar a kënnen eiser Usicht no
an enger lieweger Geschichtsduerstellung( Living history/ Reenactment) net realistesch
ëmgesat gi, ouni d’historesch Tatsaachen ze vereinfachen oder ze verharmlosen. Aus dësem
Grond zéie mer d’Opbereedung vun deem Thema duerch Ausstellungen, Dokumentatiounen,
Biographien an aner ugemiessen éducativ Methoden, jenseits vun der lieweger Duerstellung vir.
Mer géife gär den Organisateure vu Manifestatiounen, aneren historesche Gruppen,
Bildungsariichtungen a Visiteure vu Manifestatioune bei deene mer matwierken d’Méiglechkeet
gi, aus eisen historeschen Duerstellungen ze léieren, andeems mer se an ee geschichtlech
relevante Scénario versetzen an all gemeinsam vir dat selwecht Ziel schaffen, nämlech
d’Verfestegung vun eisen Demokratien an eiser Gesellschaft duerch d’sachlech an interessant
Opaarbechtung vum Thema 2. Weltkrich.
Zereck op Haaptsait